Op den Inhalt sprangen

Häll

Vu Wikipedia
Duerstellung vun der Häll am mëttelalterleche Manuskript Hortus Deliciarum.

D'Häll ass a ville Reliounen eng Plaz oder en Zoustand vun der Bestrofung, Purifizéierung oder Trennung vum Gëttlechen nom Doud. Et gi grouss Ënnerscheeder an de Virstellunge vun der Häll tëscht de verschiddene Reliounen a Konfessiounen. De Begrëff "Häll" ass etymologesch mat dem germanesche Begrëff "Hel" verbonnen, dem Numm vun enger Gestalt aus der Ënnerwelt an hirem Räich an der nordescher Mythologie.[1]

Den traditionelle Virstellunge vum Chrëschtentum no ass d'Häll eng Plaz vun der Qual, an déi Leit gelangen, déi sech an hirem Liewen net richteg beholl hunn, an déi vun Dämonen an dem Däiwel bevëlkert ass. An der moderner chrëschtlecher Glawensléier gouf déi Virstellung awer ugepasst oder och ganz fale gelooss.[2]

 Commons: Häll – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (en) Carol Zaleski, Hell. britannica.com (19. Juni 2026). Gekuckt den 11. August 2026.
  2. (de) Michael Hollenbach, Im Jenseits fast erkaltet. deutschlandfunkkultur.de (9. August 2020). Gekuckt den 11. August 2026.