Internationalen Eenheetesystem
Den Internationalen Eenheetesystem, dacks ofgekierzt mat SI (vum fr. Système international d'unités) verkierpert de moderne metresche System an ass deen am wäitste verbreeten Eenheetesystem fir physikalesch Eenheeten. Den SI gouf 1960 agefouert an duerno iwwer d'Jore stänneg erweidert a weiderentwéckelt.
Den SI-Eenheetesystem ass opgrond vun de Fuerderunge vu Wëssenschaft a Fuerschung entstanen, mä et ass mëttlerweil och dee predominanten Eenheetesystem vun Ekonomie an Handel ginn. A ville Staaten, wéi z. B. och zu Lëtzebuerg, ass de Gebrauch vum SI-Eenheetesystem am administrativen oder geschäftleche Schrëftverkéier gesetzlech virgeschriwwen.
Déi 7 Basiseenheeten
[änneren | Quelltext änneren]D'Definitioune vun de Basiseenheeten a -gréisste vum SI sinn net definitiv, mä evoluéiere mam fortschrëttleche Stand vun der Miesstechnik. Am SI entspriechen déi siwe Basisgréissten de siwe Basiseenheeten. Fir kënnen d'Basiseenheete bei verschiddene Gréissteskalen ze gebrauchen, hëlt ee bestëmmt Virsilben wéi "Kilo-" oder "Milli-".
| Gréisst | Formelzeechen | Numm | Eenheetenzeechen | Definitioun |
|---|---|---|---|---|
| Längt | Meter | m | De Meter ass definéiert als d'Längt vun der Distanz, déi d'Luucht am Vakuum an enger Sekonn zeréckleet | |
| Mass | Kilogramm | kg | De Kilogramm ass duerch den zueleméisseg festgeluechte Wäert vun der Planckscher Konstant definéiert, ënner Beuechtung vun den Definitioune fir Meter a Sekonn (gëllt zanter dem 20. Mee 2019) | |
| Zäit | Sekonn | s | Eng Sekonn ass der Definitioun no dat -facht vun der Period vun der Stralung, déi dem Iwwergank tëscht den zwéin Hyperfeinstrukturniveaue vum Basiszoustand vun den Atome vum Nuklid 133Cs entsprécht | |
| Stroumstäerkt | Ampère | A | Een Ampère ass d'Stäerkt vun engem konstante Stroum, deen duerch zwee parallel, gruedlinneg, onendlech laang an am Vakuum ee Meter vuneneen ewech placéiert Leeder fléisst, tëscht dëse Leedere pro Meter Längt déi Kraaft vun Newton ervirrifft. | |
| Thermodynamesch Temperatur | Kelvin | K | Ee Kelvin ass also déi Ännerung vun der thermodynamescher Temperatur T, déi enger Ännerung vun der thermescher Energie kBT vun exakt Joule entsprécht. | |
| Quantitéit vun der Matière | Mol | mol | Ee Mol ass déi Quantitéit vun enger Matière vun engem System, deen aus grad souvill Eenzeldeelercher besteet, wéi et Atomer an 12 Gramm vum Kuelestoff-Nuklid 12C gëtt. | |
| Liichtstäerkt | Candela | cd | D'Candela ass d'Liichtstäerkt vun enger Stralungsquell an enger bestëmmter Richtung, déi déi monochromatesch Stralung vun der Frequenz Hertz aussent an där hir Stralstäerkt an dëser Richtung () Watt duerch Steradiant bedréit |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Internationalen Eenheetesystem – Biller, Videoen oder Audiodateien |