Op den Inhalt sprangen

Kar (Planz)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Fruuchtzort Kar. Fir d'Gefier, kuckt wgl. Kar (Gefier).
Kar
Secale cereale
An anere Sproochen fr: seigle
de: Roggen
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Iwwerofdeelung Somplanzen
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Commelinidae
Uerdnung Poales
Famill Séissgrieser
Gattung Secale
Wëssenschaftlechen Numm
Secale cereale
L., 1753
E Feld mat Kar
D'Kar ass fäerdeg fir erageholl ze ginn

D'Kar (Secale cereale, dt. Roggen, fr. seigle), och alt Kuer, Kuarren, Kuärren, eng vun de Kar-Aarten (Secale), ass eng Kärenzort, déi an den temperéierten Zone wiisst. Et gëtt Summer- a Wanterkar, woubäi a Mëtteleuropa bal nëmme Wanterkar ugebaut gëtt.

D'Kar ass besser un e killt an dréchent Klima ugepasst wéi Weess. Kar ass keng klassesch Fruuchtaart, déi et schonn an der Antiquitéit gouf. Et gëtt villméi ugeholl, datt et virun 2000 bis 3000 Joer als "Onkraut" an de Weessfelder vu Klengasien opkoum a mat recoltéiert gouf[1].

Kar gëtt a Mëttel- an Osteuropa geholl, fir mat sengem Miel Brout ze maachen. Soss doruechter gëtt et och als Fudder fir d'Béischte geholl. Kar kann och zu Alkohol verschafft ("gebrannt") ginn (Kardrëpp), vereenzelt gëtt et geholl, fir Bio-Ethanol ze produzéieren.

Am 19. Joerhonnert gouf d'Kar nëmmen op liichte (sandege) Biedem a Rengkultur geséit. Wou de Buedem fir reng Weesskultur net gutt genuch war, ass bewosst eng Mëschung vu Kar a Weess geséit ginn. Dës Mëschung gëtt op Lëtzebuergesch Mëschler genannt.

Zesummesetzung

[änneren | Quelltext änneren]

Waasser 9 % Protein 12 % Fett 2,5 % Kuelenhydrater 65 % Ballaststoffer 9,5 % Mineralstoffer 2 %

Donnéeë fir 100 g

Brennwäert 1400 kJ

Calcium 33 mg Eisen 2,67 mg Magnesium 121 mg Phosphor 374 mg Kalium 264 mg Natrium 6 mg Zénk 3,73 mg Koffer 0,450 mg Mangan 2,680 mg Selen 0,035 mg

Thiamin 0,316 mg Riboflavin 0,251 mg Niacin 4,270 mg Pantothensaier 1,456 mg Vitaminn B6 0,294 mg Folsaier 0,060 mg Vitaminn E 1,870 mg Alpha-Tocopherol 1,280 mg

Tryptophan 0,154 g Threonin 0,532 g Isoleucin 0,549 g Leucin 0,980 g Lysin 0,605 g Methionin 0,248 g Cystin 0,329 g Phenylalanin 0,674 g Tyrosin 0,339 g Valin 0,747 g Arginin 0,813 g Histidin 0,367 g Alanin 0,711 g Asparagin 1,177 g Glutamin 3,661 g Glycin 0,701 g Prolin 1,491 g Serin 0,681 g

Et gëtt eng modern Kräizung tëscht Kar a Weess, Triticale, déi d'Proprietéite vun deenen zwou Aarte vereenegt.

Déi 15 gréisst Produzenten vu Kar op der Welt (2024)
Land Produktioun (t)[2]
Däitschland 2.584.400
Polen 2.393.180
Russland 1.200.000
Wäissrussland 800.000
Dänemark 649.760
China 514.091
Kanada 420.925
 USA 374.130
Irak 315.111
Tierkei 257.000
Spuenien 223.510
Ukrain 218.390
Argentinien 217.699
Schweden 155.500
Vereenegt Kinnekräich 138.259
am Verglach:
Lëtzebuerg[3] 6.245
Iwwersiicht vun der Produktioun zu Lëtzebuerg (an Tonnen)[3]
2016 2017 2018 2019 2020 2021 2022 2023 2024 2025
Kären Total 139.272 149.289 154.236 160.022 143.500 147.688 166.940 146.635 141.113 177.617
Weess 4.173 4.634 6.048 6.366 4.670 7.101 6.049 8.865 6.245 7.255

Zu Lëtzebuerg louch d'Produktioun 1990 bei 2.366 Tonnen. Dës goung bis 2006 op 8.727 Tonnen erop, fir dann nees, bis 2011 op 4.189 Tonnen erofzegoen[4].

  • Miedaner, Thomas, 2007. Roggen - Getreide mit Zukunft! 190 S. Roggenforum e. V. (Hrsg.). DLG-Verlag. ISBN 978-3-7690-0687-2.
  • Reiner, L., 1979. Winterroggen aktuell. DLG Verlag.
  • Schiemann, Elisabeth, 1948. Weizen, Roggen, Gerste. Systematik, Geschichte und Verwendung. Fischer-Verlag Jena.
 Commons: Kar (Planz) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. A Géigende mat rauem Klima ass den Undeel vu Kar an der Rekolt no an no geklommen, fir op ganz aarme Bieden a kille Gebidder praktesch 100 % vun der Rekolt auszemaachen. Sou erkläert sech déi fréier staark Dominanz vum "Kuarren" am Éislek grad sou wéi an de meeschte Gebidder an Europa déi méi héich leien.
  2. Quell: Food and Agriculture Organization, Cultures et produits animaux
  3. 1 2 Quell: Quantités produites des principales productions de grande culture et fourragères (en tonnes), STATEC
  4. Ministère de l'agriculture, de la viticulture et du développement durable, Service d'économie rurale: L'agriculture luxembourgeoise en chiffres 2012. op statistiques.public.lu