Op den Inhalt sprangen

São Tomé a Príncipe

Vu Wikipedia
São Tomé a Príncipe
Kaart mat der Lag vum Land
Lag vum Land
National Devise
"Unidade - Disciplina - Trabalho"
(Eenheet, Disziplin, Aarbecht)
Allgemeng Informatiounen
Offiziell Sprooch Portugisesch
Haaptstad São Tomé
Awunner vun der Haaptstad 71 868
Koordinate vun der Haaptstad 0°20′N 6°44′E
Staatsform Republik
Staatsleedung
President vu São Tomé a Príncipe Carlos Vila Nova
Premierminister vu São Tomé a Príncipe Américo Ramos
Geographie a Bevëlkerung
Fläch 1 001 km²
(184. Plaz)
Waasserfläch 0 %
Bevëlkerung 204.327 (2017)
Bevëlkerungsdicht 186 Awunner/km²
Geschicht a Staatssymboler
Onofhängegkeet 12. Juli 1975 (vu Portugal)
Nationalfeierdag 12. Juli
Nationalhymn Independência total
Praktesch Informatiounen
Wärung Dobra (STD)
Zäitzon UTC +0
Internet-TLD .st
Internationalen Telefonsprefix +239

São Tomé a Príncipe, offiziell Demokratesch Republik São Tomé a Príncipe (op Portugisesch: República democrática de São Tomé e Príncipe), ass en Inselstaat am Golf vu Guinea an Zentralafrika. Den Archipel läit ongeféier 200 km virun der Afrikanescher Küst westlech virun Equatorialguinea a Gabun.

São Tomé a Príncipe ass no de Seychellen den zweetklengsten afrikanesche Staat. E besteet aus den zwou Haaptinsele São Tomé a Príncipe, déi aus Vulkanen entstane sinn, déi haut net méi aktiv sinn. Et gehéieren nach e puer Inselcher zum Inselstaat, wéi beispillsweis d'Insel Rolas südlech vu São Tomé, déi direkt um Equator läit.

Iwwer 90 % vun den Awunner liewen op São Tomé. Op dëser Haaptinsel, déi 48 km laang an 32 km breet ass, läit d'Haaptstad déi de selwechten Numm huet: São Tomé. Den héchste Bierg ass 2.024 m héich.

Déi méi kleng Haaptinsel Príncipe läit 152 km nordwestlech vu São Tomé an ass 16 km laang a 6 km breet. Déi héchst Kopp ass 927 m héich.

Den equatoriale Klima variéiert vun extreem fiicht bis semiarid. Et gëtt zwou kloer definéiert Saisonen, déi waarm Saison, vu September bis Mee, an eng kill Saison vu Juni bis August. D'Lofttemperatur huet eng Joresmoyenne vu maximal 29,4 °C a minimal 21,4 °C. Extremwäerter kënnen no uewen 32,4 °C an no ënne 15,4 °C erreechen. An der killer Joreszäit ass d'Wieder am agreabelsten, et bléist eng konstant erfrëschend Lëftchen.

Nieft der offizieller Sprooch Portugisesch, déi als Lingua franca benotzt gëtt, ginn zu São Tomé a Príncipe nach dräi Variante vu Kreol geschwat, déi op d'Portugisescht a westlech Bantu-Sproochen zeréckzeféiere sinn:

  • Forro (och nach Saotomense genannt, op São Tomé)
  • Lunguye (och nach Principense genannt, op Príncipe) an
  • Angolar (mat der angolanescher Sprooch Kimbundo Famill, op São Tomé).

D'Republik besteet zanter der Onofhängegkeet 1975. D'Verfassung datéiert vun 1990. D'Parlament (Assembléia Nacional) huet 55 Memberen, déi fir véier Joer gewielt ginn. De President gëtt all fënnef Joer direkt gewielt. Mat 18 Joer däerf ee wiele goen.

Geschicht an Ekonomie

[änneren | Quelltext änneren]

Den Archipel gouf vun de Portugisen am 15. Joerhonnert entdeckt an zu hirem Besëtz erkläert. D'Ekonomie huet Joerhonnerte laang op Sklaverei a Plantage gefousst, fir d'éischt gouf Zocker produzéiert, am 19. Joerhonnert du verstäerkt Kaffi a Kakao. Obwuel d'Sklaverei offiziell ofgeschaaft war, hunn änlech Produktiounsweise bis an d'20. Joerhonnert eran iwwerlieft. 1908 ass den Archipel weltwäit dee gréisste Kakaosproduzent ginn. Haut ass dat net méi de Fall, mä Kakao ass nach ëmmer e wichtegt Exportprodukt.

  • Kathleen Becker (2008). Sao Tomé and Príncipe. 1st edition, 240 p. Bradt travel guides. Bucks, UK. ISBN 978-1-84162-216-3.
 Commons: São Tomé a Príncipe – Biller, Videoen oder Audiodateien
De Süde vun der Insel São Tomé mat Vue op d'Insel Rolas.
Satellittebild (NASA)