Op den Inhalt sprangen

Système universitaire de documentation

Vu Wikipedia
Système universitaire de documentation
Ofkierzung SUDOC
Grënnungsdatum 2001
Websäit http://www.sudoc.abes.fr/

De Système universitaire de documentation, gekierzt Sudoc, ass e franséische Katalog, deen all d'Dokumenter oplëscht, déi et an de franséischen Universitéitsbibliothéiken an a ville Fuerschungsinstituter gëtt. Seng Benotzer kënnen domat eng Bibliographie zesummestellen oder aktualiséieren, en Dokument sichen an, wann néideg, eng Demande maache fir et auszeléinen.

D'Gestioun an d'Mise à jour vum Sudoc gi vun der Agence bibliographique de l'enseignement supérieur (Abes) assuréiert, déi 1994 gegrënnt gouf.

Am Sudoc-Katalog sinn iwwer 15 Milliounen Titelen, déi sech op all Zorte vun Dokumenter bezéien (Bicher, Theesen, Zäitschrëften, elektronesch Ressourcen, audiovisuell Materialien, Mikroformen, Kaarten, Partituren, Manuskripter (ausser Calames), rar Bicher, asw.). Do dernieft fënnt een am Katalog och Zäitschrëften- a Zeitungssammlunge vu ronn 1.500 net-universitären Institutiounen (kommunal Bibliothéiken, Dokumentatiounszentren, asw.).

 Commons: Système universitaire de documentation – Biller, Videoen oder Audiodateien