Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.875 Artikelen an 120 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … d'Uelzechtstrooss zu Esch virun 1923, jee no Deelstéck, Avenue de l'Hôtel de Ville, Rue de la Poste a Rue Marie-Thérèse housch?
- … Südafrika offiziell 3 Haaptstied huet: Pretoria als Verwaltungshaaptstad, Kapstad als Regierungs- a Bloemfontein als Geriichts-Haaptstad?
- … den Adrien Ries (1933-1991) am Joer 1970 de Begrëff Nordstad an d'Welt gesat huet, deen den urbane Ballungsraum ëm Dikrech an Ettelbréck bezeechent?
- … déi zwou Bensinnsstatiounen op der Aire de Berchem iwwer 360 Millioune Liter Sprit am Joer verkafen?
- … de lëtzebuergeschen Ethnolog Edouard Conzemius (1892-1931) e Spezialist vun de Miskito- a Sumu-Indianer an Honduras an Nicaragua war?
Artikel vun der Woch

Lellgen ass eng Uertschaft mat 113 Awunner (2013) an der Gemeng Kiischpelt (bis 2006: Gemeng Wëlwerwolz).
Et läit am Dall vun der Klierf. Déi héchst Plaz beim d'Duerf ass mat 504 Meter um Pënzebierg op der Sektiounsgrenz mat Holztem. An der Uertschaft lafen d'Lellgerbaach an d'Pënscherbaach zesumme fir da ronn 100 Meter duerno an d'Klierf ze lafen. Aner Baache sinn d'Hellbich, d'Jopich an d'Laaschterbaach.
Den Ursprong vu Lellgen (Lellingen) geet op d'Zäit vun de Muselfranken zeréck, deenen hir Siidlungen dacks op –ingen geendegt hunn; deemno engem Lallo seng Sippschaft. Et kann awer och sinn, datt den Uert vum réimesche Laellius ofgeleet ass, well d'Géigend schonns zur Réimerzäit besidelt war.
1985 gouf Lellge vum Service des sites et monuments zu engem Modellduerf ausgeruff, Haiser an Häff goufe restauréiert, an eng 100 nei Beem an ëm déi 3000 verschidden Traisch ugeplanzt. Lelljen ass bekannt fir déi wëll Narzissen (Narcissus pseudonarcissus; "Lorblumm") déi am Bësch um Lor wuessen... > méi

Op engem 3. September

- 1189: De Richard Léiwenhäerz gëtt als Richard I. zum englesche Kinnek gekréint.
- 1658: De Richard Cromwell gëtt Lord Protector vun England, Schottland an Irland.
- 1791: Frankräich gëtt eng konstitutionell Monarchie.
- 1906: De Buffalo Bill trëtt mat sengem Spektakel Buffallo Bill's Wild West an der Stad Lëtzebuerg op.
- 1915: Gebuert vum US-amerikanesche Museker Memphis Slim.
- 1928: De lëtzebuergesche Politiker a Manager Gaston Thorn kënnt op d'Welt.
- 1939: Frankräich a Groussbritannien erklären Däitschland de Krich.
- 1939: Déi dänesch Sängerin, Schauspillerin an TV-Moderatorin Vivi Bach gëtt gebuer.
Kierzlech Verstuerwen

- ≤ 2. September: Péil Schlechter: lëtzebuergesche Graphiker, Comiczeechner an Auteur.
- 1. September: Jean-Paul Rappeneau, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 31. August: Édouard Balladur franséische Politiker.
- 28. August: Harald V., Kinnek vun Norwegen.
- 25. August: Tim Curry, brittesche Schauspiller; Dolly Parton, US-amerikanesch Countrysängerin.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
