Op den Inhalt sprangen

Geescht (Fruucht)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Fruuchtzort Geescht. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Geescht (Homonymie).
Geescht
(Hordeum vulgare)
An anere Sproochen fr: orge
de: Gerste
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Iwwerofdeelung Somplanzen
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Commelinidae
Uerdnung Poales
Famill Séissgrieser
Wëssenschaftlechen Numm
Hordeum vulgare
L.
Hordeum vulgare

D'Geescht (och alt Giescht, Gääscht, Gjääscht[1], Hordeum vulgare) ass eng Planzenaart, déi zur Gattung Hordeum bannent de Séissgrieser (Poaceae) gehéiert. D'kultivéiert Geescht ass ee vun de wichtegsten an eelste Kären, well se virun ongeféier 10.000 Joer aus der Wëller Geescht (Hordeum spontaneum) am Fruchtbaren Hallefmound recoltéiert a geziicht gouf.

D'Sprenz vun der Geescht ass meeschtens däitlech méi laang wéi déi vum Kar oder dem Weess.

Den Ausdrock „Geeschtekär“ gëtt net just fir de Som vun der Planz benotzt, mä och fir eng Form vun enger Entzündung vun den Aendeckelen (Hordeolum).

D'Geescht ass selwerbestäubend; et gëtt Summer- a Wantergeescht.

Summergeescht

[änneren | Quelltext änneren]

Fir de mënschleche Konsum gëtt haaptsächlech d'Summergeescht benotzt. Se gëtt vun Enn Februar bis Ufank Abrëll geséit a gëtt a manner wéi 100 Deeg zeideg.

Wantergeescht

[änneren | Quelltext änneren]

D'Wantergeescht, déi am September geséit gëtt, ass méi produktiv. Ideal Bedingunge fir de Wuesstem sinn Temperaturen ënner 10 °C. Wann d'Temperaturen iwwer eng länger Zäit ënner –15 °C leien, erfréiert se.

Am Verglach mat der Summergeescht ass d'Recolte méi héich a se huet och e méi en héije Proteingehalt (12–15 %); se gëtt haaptsächlech als Déierefudder benotzt.

Déi zwou Zorte kënnen als Braugeescht benotzt ginn.

Iwwersiicht vun der Produktioun zu Lëtzebuerg (an Tonnen)
2016 2017 2018 2019 2020 2021 2022 2023 2024 2025
Kären Total 139.272 149.289 154.236 160.022 143.500 147.688 166.940 146.635 141.113 177.617
Geescht 34.005 34.951 34.662 35.356 32.452 28.861 36.675 30.672 32.858 39.039
dovun: Summergeescht 8.450 8.497 8.976 7.683 10.952 6.661 11.033 4.167 6.879 12.124
dovun: Wantgergeescht 25.555 26.454 25.686 27.674 21.500 22.199 25.642 26.505 25.979 26.915

Quell: Quantités produites des principales productions de grande culture et fourragères (en tonnes), STATEC

 Commons: Geescht (Fruucht) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (de) „Geescht“. Luxemburger Wörterbuch, digitalisierte Fassung im Wörterbuchangebot der Universität Luxemburg, Department of Humanities. Gekuckt de 24.05.2026.