Op den Inhalt sprangen

Good Bye, Lenin!

Vu Wikipedia
Good Bye, Lenin!
Film
Produktiounsland Däitschland
Première 9. Februar 2003
Dauer 125 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Däitsch
Ekipp
Regie Wolfgang Becker
Dréibuch Wolfgang Becker,
Bernd Lichtenberg
Musek Yann Tiersen
Schnëtt Peter R. Adam
Produzent Stefan Arndt
Schauspiller
Daniel Brühl,
Katrin Sass,
Tschulpan Nailewna Chamatowa,
Maria Simon,
Alexander Beyer,
Florian Lukas,
Christine Schorn,
Michael Gwisdek,
Burghart Klaußner,
Jürgen Holtz,
Jochen Stern,
Hans Uwe Bauer,
Martin Brambach,
Ernst-Georg Schwill,
Marc Bischoff,
Arndt Schwering-Sohnrey,
Jürgen Vogel,
Mennan Yapo,
Bojan Heyn,
Fritz Roth,
Svea Timander,
Hanna Schwamborn,
Sarah Tkotsch,
Harald Juhnke
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Good Bye, Lenin! ass en däitschen dramatesche Kaméidisfilm vum Wolfgang Becker aus dem Joer 2003, mam Daniel Brühl an der Katrin Sass an den Haaptrollen. En hat seng Première op der Berlinale 2003.

Ëm wat geet et am Film?

[änneren | Quelltext änneren]

Den Alex Kerner, e jonke Mann, wunnt zu Ost-Berlin zesumme mat senger Mamm Christiane a senger Schwëster Ariane an enger Appartementswunneng. Am Oktober 1989 mécht d'Mamm sech op de Wee fir e Gielchen ze kréie fir hiren Asaz fir déi kommunistesch Wäerter, iwwerdeems den Alex bei enger Manifestatioun géint de Regimm matgeet. Wéi si gesäit, datt den Alex festgeholl gëtt, brécht si zesummen a fält an e Koma. Wärend där Zäit geet d'Mauer op an de kommunistesche System léist sech op. Am Juni 1990 erwächt d'Mamm stënterlech. D'Dokteren erlaben dem Alex, se mat heem ze huelen, dass se do raschte soll, ma insistéieren, si dierft sech op kee Fall opreegen, dat wier liewensgeféierlech fir si. Den Alex decidéiert, déi historesch Verännerungen an der DDR virun der Mamm ze verstoppen an ze maachen, wéi wann alles beim Ale wier. Mee dat gëtt all Dag méi komplizéiert, zemools, wéi seng Mamm freet, eng Televisioun an d'Zëmmer ze kréien...

De Film hat e grousse Succès souwuel beim Publikum wéi och bei der Kritik an Däitschland wéi och am Ausland.