Op den Inhalt sprangen

Kappbedeckung

Vu Wikipedia
Verschidden Zorte Kappbedeckungen.

Eng Kappbedeckung ass e Gezei, dat um Kapp gedroe gëtt.

Kappbedeckungen erfëllen ënnerschiddlech Zwecker. En Helm schütz de Kapp viru Verletzungen, wéi beim Vëlo- a Motorradsfueren, oder bei bestëmmten Aarbechtsofleef, beispillsweis op engem Schantjen oder beim Schaffe mat schwéiere Maschinnen. Vill Beruffsgruppen droen eng Kappbedeckung als Deel vun hirer Aarbechtskleedung, zum Beispill am Operatiounssall am Spidol oder d'Hoernetz an der Liewensmëttelveraarbechtung. Och a Beruffer, an deene lassen Hoer d'Aarbecht beanträchtege kënnen, wéi beim Lackéieren, an der Feinmechanik oder an der Elektronik, gehéieren entspriechend Kappbedeckungen zur Standardausrüstung.

Hitt a Kape schützen de Kapp, d'Gesiicht, an deelweis och d'Oueren an d'Genéck, viru Reen a Sonn. Eng Mutz déngt an éischter Linn dem Schutz viru Keelt, wärend eng Kaputz viru Keelt, Wand a Reen ofschiermt.

Vill Kappbedeckunge ginn och als Moudenaccessoire gedroen. Anerer, wéi de Schleier oder den Turban, hunn eng reliéis oder kulturell Bedeitung. A ville Kulture spille Kappbedeckungen eng wichteg Roll, well se weisen zu wéi enger Grupp oder wéi enger Ranguerdnung eng Persoun zielt. Esou ass d'Kroun eng zeremoniell Kappbedeckung vun de Monarchen an en Zeeche vun hirer Muecht. An der kathoulescher Kierch ass d'Mitra de Bëscheef an den Äbt virbehalen, wärend d'Birett traditionell vum Paschtouer gedroe gouf. D'Tiara, dem Poopst seng Mutz bei der Kréinung, gëtt zanter 1963 net méi vun de Peepst gedroen.

 Commons: Kappbedeckung – Biller, Videoen oder Audiodateien