Op den Inhalt sprangen

Mount Wilson-Observatoire

Vu Wikipedia
Mount Wilson-Observatoire
Typ astronomeschen Observatoire
Bedreiwer Carnegie Institution for Science
Datum vum Bau 1904
Websäit https://www.mtwilson.edu
Instrumenter
Geographesch Situatioun
Land Vereenegt Staate vun Amerika
Regioun/Gemeng Los Angeles County
Koordinaten 34°13'30,1"N, 118°3'25,9"W
Héicht 1.742 m
Den Hooker-Spigel am Mount Wilson-Observatoire

De Mount Wilson-Observatoire ass mat engem Alter vun 100 Joer ee vun den eelsten an erfollegräichsten Observatoiren op der Äerd. E steet um Mount Wilson an de San Gabriel Mountains a Kalifornien, USA nordëstlech vu Los Angeles.

Den Observatoire gouf am Dezember 1904 vum George Ellery Hale gegrënnt. Am Ufank war en als e wëssenschaftlecht Konzept vun der Carnegie Institution of Washington geplangt. Den Hale huet d'Snow Solar Telescope vum Yerkes-Observatoire am Süd-Wisconsin an dat sonnegt a wiederkonstant Gebitt vum Mount Wilson bruecht, fir säi Studium iwwer d'Sonn weiderzeféieren.

Den Hale huet mat enger klenger Grupp vu Wëssenschaftler an Ingenieure vum Yerkes-Observatoire ugefaangen. An de Joren duerno ass den Observatoire zu engem vun de beschten astronomesche Fuerschungsariichtunge vun der Äerd ginn. Wärend der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert war den Observatoire hannereneen d'Standplaz mat den zwéi gréissten Teleskope vun der Äerd, souwéi zwou vun de leeschtungsfäegsten Ariichtunge fir de Studium vun der Sonn.

Mat den 1,54-Meter- a 2,54-Meter-Teleskope (och Hooker-Spigel genannt) fir d'Observatioun vum Nuetshimmel, souwéi den 18,3 an 45,7 Meter héije Sonnentuermteleskopen, si verschidden Entdeckungen an Nowäiser gemaach ginn:

  • den Nowäis, datt d'Sonn net am Zentrum vun der Mëllechstrooss steet;
  • d'Distanzbestëmmung vu Galaxien an domat de Bewäis, datt nach vill Galaxië baussent der Mëllechstrooss existéieren;
  • d'Existenz vum Magnéitfeld vun der Sonn a seng Schlësselroll bei der Sonnenaktivitéit;
  • d'Beweegungsrichtunge vun de Galaxien, déi op den Urspronk vum Urknall hiweisen;
  • d'Existenz vu ville Stäre vu verschiddenen Altersklassen an eiser Galaxis.

An deem Observatoire gouf och d'Stäreninterferometrie entwéckelt mat där den Albert Abraham Michelson ëm 1920 den Duerchmiesser vu Roude Rise gemooss huet.

Den 2,54-Meter-Teleskop, deen zanter 1917 um Mount Wilson steet, huet vun 1985 bis 1992 wéinst engem ze klenge Budget net geschafft.

Den Observatoire kann, ofhängeg vum Wieder, dat ganzt Joer besicht ginn.

Portal Astronomie

 Commons: Mount Wilson-Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]